RTL Reporter: Buergbrenne mat de Scouten zu Luerenzweiler op der Schanz
Den RTL-Reporter ass zeréck op der Schanz zu Luerenzweiler mat de lokale Scouten, an de Dan Vinkowski bréngt eis elo méi Detailer iwwert d’Buergbrennen an déi schéi Platz wou dann e Sonndeg d’Buerg opgeriicht an ugefaange gëtt.
Op der Schanz, erzielen eis d’Scouten firwat se déi Plaatz erausgesicht hun, wéi dës Traditioun sëch entweckelt huet, weinie d’Buerg opgeriicht gëtt, wien d’Feier bei hinnen dierf ufänken an op ee vun der Platz aus nach aaner Buergen gesäit brënnen.
Och an deene nächste Reportagen, dréint sech alles ronderëm d’Scouten an d’Buergbrennen, all di wichteg Linke fir de Wanter ze verdreiwe kritt der iwwert radio.rtl.lu.
© Christiane Offermann