Hei nach nodréiglech Berichter vun den 2 leschten Deeg.
En Donnesten si mir vun Texel äus ob Enkhuizen gefuer. Ennerwee haate mir mat decke Wandstärkten ze kämpfen sou dat mir no enger Zäit hu missen d’Seeglen ranhuelen, an den Tour mam Moto firun gefuer sin. Zu Enkhuizen ukomm, ass de Ravi séier d’Fleesch bei ee Metzler siiche gaangen a mir hun improviséiert gegrillt. Owes sutzen d’Cheffen all zesummen an hun sech bei enger Ronn Charade ganz gutt amüséiert.
De leschten Daag wor séier ugebrach, mee och deen huet erem vill flottes an interessantes bruecht. Mir hu mat decken Wierdere an heige Wellen gerechend, a goufen net enttäuscht. Verschidde Cheffen souwéi och Kanner hun et sech net entgoen gelooss, sech fir un de Wupp vum Schëff ze stellen an d’Wellen iwert sech ergoen ze loossen. Während déi eng d’Kraaft vun der Natur ze bewonneren, hun sech déi aaner et ënner deck gemittlech gemaach. De Mick huet dofir gesuegt dat och fir jiddereen genuch Téi do wor.(: Rem zu Lelystad ukomm, hu mir alles gebotzt, eng Foto geschoss an eis ob de Wee bei de Bus gemaach. Ennerwee gouf ee Stop bei eise belge Nopren gemaach, fir de klengen Honger ze stëllen. Domat gouf dun ee flotten Summercamp gebürteg oofgeschloss.
Bericht vum Neko