Stand beim Wolff.
Moies um 7h stoungen dräi vun eise Rover prett déi wardend Clienten, firun der Metzlerei Wolff, ze begréißen an hinnen eppes vun eise gudde Saachen unzebidden. Vum Metzler Wolff gesponsert konnte mir de Leit eise Kaffi, den Téi, de Schoki, den Jus, de Glühwäin souwei de Kuch offreieren an sou schon de Moien vum 24.12 verséißen. Dankbar weint de ville Spende déi mir kruten, hu mir dann geint 14h eise Stand zesumme gepaack an woren dun och selwer der Chrëschtdaagsstemmung schon ebesse méi no. 🙂 (04.01.2016)